Online-Sécherheet, vereinfacht fir Iech an Är Famill. D’Microsoft Defender-App hëlleft, Är Famill op all Ären Apparater virun online Bedroungen ze schützen. D'Microsoft Defender-App ass exklusiv mat engem Microsoft 365 Personal- oder Family-Abonnement disponibel.
Op Ärem PC funktionéiert Microsoft Defender mat integréierterter Windows Sécherheet fir zousätzlechen Apparatschutz op Ären Android-, iOS- a Mac-Apparater. Mat der App, déi op diversen Apparater funktionéiert, kënnt Dir Ären eegene Sécherheetsstatus an de Status vun Ärer Famill online an engem einfach ze benotzenden Dashboard verwalten an iwwerwaachen. Bleift méi sécher mat Echtzäit-Matdeelungen, Sécherheetstipps a professioneller Uleedung an einfach ëmsetzbare Recommandatiounen. Fir unzefänken, luet d'App erof a mellt Iech mat Ärem Microsoft-Kont un. Dir braucht en aktiivt Microsoft 365 Personal- oder Family-Abonnement, fir Defender op Ären Apparater ze aktivéieren.
D'Microsoft Defender-App ass och fir Är Android-, iOS- a Mac-Apparater disponibel. An der App kënnt Dir eng Invitatioun schécken, fir Microsoft Defender op Ären aneren Apparater erofzelueden. Dir hutt och einfach Zougrëff op Ären Dashboard an engem Webbrowser, wann Dir ënnerwee sidd.